ESAL2026 fir d’Alexandra Uppman an d’Nazanin Hafez
Gëschter Owend war am Mudam Edward-Steichen-Award-Zeremonie: Laureatinne sinn déi zwou plastesch Kënschtlerinnen Alexandra Uppman an Nazanin Hafez. Beim ESAL, also dem Edward Steichen Award Luxembourg, handelt et sech net just ëm eng Trophée an/oder e Präisgeld: D'Auszeechnung beinhalt eng Konschtresidenz vu 4, respektiv 6 Méint zu New York. Dëst, well “The Big Apple” fir den Edward Steichen eng wichteg Inspiratiounsquell war. Den ESAL2026 ass gëschter a Presenz vun der Groussherzogin an dem Kulturminister Eric Thill iwwerreecht ginn. Fir eis war d’Kerstin Thalau do.
The skinny
The skinny isn't ready yet — notes appear once the transcript is processed.